Jugendensembel
News vum Jugendensembel
Porte Ouverte 2017

Mir sinn frou Iech och dëst Joer erëm op eis Porte Ouverte kennen ze invitéieren.

Dëst den 13. Mee tëschent 14:30-18:00Auer am Museksgebäi zu Lëntgen (33, route Pricipale).

Mir stellen Iech d'Instrumenter fir déi een an enger Musek fënnt, an verschiddener kenn dir och selwer probéieren. Och beäntwerte mir all Froen déi der ronderëm Museksschoul hutt.

Um 16:30Auer invitéiert de Jugendensembel vun der Lëntgener Musek op e klenge Concert, wou dir Iech zweschent d'Musekante kennt setzen fir esou d'Erfahrung ze maache wei et sech an engem Orchester ufillt. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis schon Iech op dësem Rendez-Vous kennen ze begréissen.

Schülerauditioun 2017
Schulerauditioun1

Den 19. Mäerz 2017 organiséiert d’Lëntgener Museksschoul hier traditionell Auditioun.

Bei deser Gelegenheet präsentéieren Iech d’Schüler aus der Lëntgener Musekschoul Wierker dei si am Laaf vum Joer astudéiert hun. Fir ze drénken ass selbstverständlech och gesuergt.

Rendez-Vous ass um 14.30 Auer am Veräinssall zu Lëntgen.

Kannerfuesbal 2017
fuesbal1flyerluxDINA5francaisDINA52a
Gala-Concert 2016

Den 22. Oktober ass et erëm esou weit, mir presentéieren Iech de Gala-Concert 2016. Dest Joer ennert dem Motto "AMERICA".

Samschdes, de 22.Oktober 2016, ëm 19.30 Auer zu Lëntgen am Festsall "A Mouschelt" gidd dir, vun der Lëntgener Musek a vum Jugendensembel, mat musekaleschen Kläng aus America verwinnt.

Och fir Iesse an Drénken ass gesuergt. Um Menü steet eng "Caesar Salad" an der Paus an e Muffin mat Blueberry Creme nom Concert.

Den Entrée ass 8€ a Kanner ënner 16Joer sinn gratis.

Reservéiert är Plazen an äre Menü um Telefon 691 500 883 (Liane Thiry, weg. erreicht no 18.00Auer uruffen) oder per Mail op lthiry@pt.lu bis spéitstens den 19. Oktober 2016.

LOGO1
Hämmelsmarsch
o1

Den 29. a 30. Juli waren mir den Hämmelsmarsch an de Stroße vun der Lëntgener Gemeng spillen. Dest den 29. Juli ab 18Auer zu Goussel a Pretten an am eneschten Deel vu Lëntgen(route Principale; Kneipel a Gare). Den 30. Juli komme mir dann, ab 13Auer, an den iweschten Deel vun Lëntgen.

D'Fotoen fann dir hei...

e59454e0d34d0e84577d407b690780