Lëntgener

News

Mir sinn frou Iech op eis Porte Ouverte kennen ze invitéieren.

Dëst den 22. Abrëll tëschent 15:00-18:00Auer am Museksgebäi zu Lëntgen (31, route Pricipale).

Mir stellen Iech d'Instrumenter fir déi een an enger Musek fënnt, an verschiddener kenn dir och selwer probéieren. Och beäntwerte mir all Froen déi der ronderëm Museksschoul hutt.

Um 17:00 Auer invitéiert de Jugendensembel vun der Lëntgener Musek op e klenge Concert, wou dir Iech zweschent d'Musekante kennt setzen fir esou d'Erfahrung ze maache wei et sech an engem Orchester ufillt. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis schon Iech op dësem Rendez-Vous kennen ze begréissen.

Schülerauditioun 2023
Schulerauditioun2023

Den 12. Mäerz 2023 organiséiert d’Lëntgener Museksschoul hier traditionell Auditioun.

Bei dëser Gelegenheet präsentéieren Iech d’Schüler aus der Lëntgener Musekschoul Wierker dei si am Laaf vum Joer astudéiert hun. Fir ze drénken ass selbstverständlech och gesuergt.

Rendez-Vous ass um 15.00 Auer am Festsall "A Mouschelt" zu Lëntgen.

Kannerfuesbal 2023

De 05. Februar kennen mir Iech no 2 Joer Paus endlech erëm op eisen Kannerfuesbal am Veräinssall zu Lëntgen invitéieren.

D'Kanner kënnen e flotten Nomëtteg mat Fuesstëmmung, Animation a Musek verbréngen. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Mir begréissen Iech ab 14.00 Auer am Veräinssall.

Gala-Concert 2022

Den 22. Oktober ass et no 2 Joer Paus endlech erëm esou weit, mir presentéieren Iech de Gala-Concert 2022. Dëst Joer ennert dem Motto "Yin&Yang".

Samschdes, de 22.Oktober 2022, ëm 19.30 Auer zu Lëntgen am Festsall "A Mouschelt" gesidd dir, zesummen mat der Lëntgener Musek a dem Jugendensembel wei Géigesätz sech unzéien.

Och fir Iesse an Drénken ass gesuergt. Um Menü vun 15€ steet Chili Con Carne oder Veggi Chili an Brownie mat Vanillsglace a Schmant..

Den Entrée ass 10€ a Kanner ënner 16Joer sinn gratis.

Reservéiert är Plazen an äre Menü um Telefon 691 500 883 (Liane Thiry) oder per Mail op lthiry@pt.lu bis spéitstens den 19. Oktober 2018.

Mir freeën eis schonn Iech um Gala-Concert 2022 kennen ze begréissen.

Hämmelsmarsch 2022
IMG6047Kopie
wald2

Mir sinn frou Iech dëst Joer erëm op eis Porte Ouverte kennen ze invitéieren.

Dëst den 23. Abrëll tëschent 15:00-18:00Auer am Museksgebäi zu Lëntgen (31, route Pricipale).

Mir stellen Iech d'Instrumenter fir déi een an enger Musek fënnt, an verschiddener kenn dir och selwer probéieren. Och beäntwerte mir all Froen déi der ronderëm Museksschoul hutt.

Um 17:15 Auer invitéiert de Jugendensembel vun der Lëntgener Musek op e klenge Concert, wou dir Iech zweschent d'Musekante kennt setzen fir esou d'Erfahrung ze maache wei et sech an engem Orchester ufillt. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis schon Iech op dësem Rendez-Vous kennen ze begréissen.

Merci-Concert 2021
Hämmelsmarsch 2020
Gala-Concert 2019
LOGO2019Kopie2

Den 19. Oktober ass et erëm esou weit, mir presentéieren Iech de Gala-Concert 2019. Dëst Joer ennert dem Motto "Frëndschaft a Léift".

Samschdes, de 19.Oktober 2019, ëm 19.30 Auer zu Lëntgen am Festsall "A Mouschelt" gidd dir, vun der Lëntgener Musek a vum Jugendensembel musikalesch verwinnt.

Och fir Iesse an Drénken ass gesuergt. Um Menü vun 15€ steet eng Hameschmier an der Paus an en "Häerzegen Dessert" nom Concert.

Den Entrée ass 10€ a Kanner ënner 16Joer sinn gratis.

Reservéiert är Plazen an äre Menü um Telefon 691 500 883 (Liane Thiry) oder per Mail op lthiry@pt.lu bis spéitstens den 14. Oktober 2018.

Mir freeën eis schonn Iech um Gala-Concert 2019 kennen ze begréissen.

Hämmelsmarsch 2019
IMG3812Kopie
Bëschfest 2019
Den 07. Juli 2019
IMG3503Kopie2

Mir sinn frou Iech och dëst Joer erëm op eis Porte Ouverte kennen ze invitéieren.

Dëst den 11. Mee tëschent 15:00-18:00Auer am Museksgebäi zu Lëntgen (33, route Pricipale).

Mir stellen Iech d'Instrumenter fir déi een an enger Musek fënnt, an verschiddener kenn dir och selwer probéieren. Och beäntwerte mir all Froen déi der ronderëm Museksschoul hutt.

Um 17:00Auer invitéiert de Jugendensembel vun der Lëntgener Musek op e klenge Concert, wou dir Iech zweschent d'Musekante kennt setzen fir esou d'Erfahrung ze maache wei et sech an engem Orchester ufillt. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis schon Iech op dësem Rendez-Vous kennen ze begréissen.

Schülerauditioun 2019
Schulerauditioun2

Den 17. Mäerz 2019 organiséiert d’Lëntgener Museksschoul hier traditionell Auditioun.

Bei dëser Gelegenheet präsentéieren Iech d’Schüler aus der Lëntgener Musekschoul Wierker dei si am Laaf vum Joer astudéiert hun. Fir ze drénken ass selbstverständlech och gesuergt.

Rendez-Vous ass um 14.30 Auer am Festsall "A Mouschelt" zu Lëntgen.

e59454e0d34d0e84577d407b690780

Aal News

IMG1

Porte Ouverte 2019

Den 26. a 27. Juli
Den 24. a 25. Juli

Och an Zäite vun der Covid-19 a Quarantän hale mir net op Musek ze maachen. Dofir kuckt hei eis Videoen déi mir am Laaf vum Joer gemaach hunn.

Klickt hei fir d'Videoen...

Vill Spaass beim kucken.

D'Lëntgener Musek invitéiert Iech op hire MERCI Concert "Rétrospectives", Samschdes, den 23. Oktober 2021 ëm 19:30 Auer zu Lëntgen am Festsall "A Mouschelt"

Fir Drenken ass gesuert. Dir kënnt och eng Klengegkeet bei eis iessen, wann dir am Viraus bestellt (bis den 21.10.2021). Zur Auswiel stinn: Bréitchen (gekachten Ham oder Kéis) oder Rieslingspaschtéit fir 6,00€ d'Stéck.

De Concert steet ënnert dem Regime CovidCheck. Den Entrée ass nemmen fir Leit, déi geimpft, erëm gesond oder negativ getest sinn. (D'Méiglechkeet besteet een Antigène-Selbsttest op der Plaz ze maachen - soot eis virdru Bescheed weg.)

IMG2

Porte Ouverte 2022

D'Lëntgener Musek invitéiert Iech op de Concert Apéritif "Musek ouni Grenzen", Sonndes, de 15. Mee 2022 ëm 11:00 Auer zu Lëntgen am Festsall "A Mouschelt"

Et spillen d'Lëntgener Musk zesummen mat der "Koninklijke Harmonie Sint-Cecilia Kuringen/Hasselt" (B). Dirigéiert vum Samuel Godfrin a Jos Cuppens.

Um Menu fir 25€ steet; Dindegeschnetzeltes mat gebootschte Gromperen an Zalot, an als Dessert eng Glace.

Reservéiert äer Platzen an äre Menu bis spéitstens den 10. Mee 2022 um Telefon +352 691 500 883 (Liane Thiry) oder per Mail: lthiry@pt.lu.

Den Entrés ass fräi.

Mir freeën eis Iech op dësem RDV ze gesinn.

De Concert ouni Grenzen gëtt den 26. Juni zu Kuringen (B) widderholl

No 2 Joer Paus ass

Bëschfest 2022

Den 29. an 30. Juli
IMG3

Porte Ouverte 2023