Facebook
Instagram @fanfare_lentgen

Jugendensembel

Historique

Historique

Den Lëntgener Jugendensembel bléckt op 17 Joer Geschicht zeréck.

2007 gouf en an d’Liewe geruff fir et den Schüler aus der Museksschoul ze erméiglechen an engem Ensembel ze spillen, wou den Niveau den Schüler ugepasst ass.

An den folgenden Zeilen maache mir eng kleng Zäitrees bis zeréck zu den Ufänk vum Veräin. 

Dirigente vum Lëntgener Jugendensembel

LOEWEN Marc    säit 2013

MOLITOR Patrick 2007-2013

2023

2023 war fir den Lëntgener Jugendensembel méi e rouegt Joer. Am Januar konnten 2 nei Membere begréisst ginn, allerdings hunn gläichzäiteg eng Parti Memberen den Alter erreecht an den Jugendensembel verlooss, esou datt dëst Joer den Effektiv méi kleng ginn ass. Trotzdem stoungen déi üblech Rendez-Vousen, wéi d’Schülerauditioun, d’Porte Ouverte, de Concert um Bëschfest an de Concert um Chrëschtbasar, um Programm. De Gala-Concert war dëst Joer méi aussergewéinlech. D’Fanfare huet hiren 125. Anniversaire agelaut an nieft der Lëntgener Chorale och den Jugendensembel als Verstäerkung derbäi geholl. Esou huet den Jugendensembel déi ganz 2. Halschent mat der Fanfare zesumme gespillt an et soutzen ronn 45 Museker op der Bühn. Zesummen mat der Fanfare gouf d’Joer op der Adventsfënster beim Musekssall mat Chrëschtmusek ausklénge gelooss.

2022

D’Pandemie schwächt sech lues a lues of. Gouf et am Ufank vum Joer nach e puer Aschränkungen, esou sinn dës am Summer zum Groussdeel ewechgefall. 

Den 23. Abrëll konnt de Jugendensembel no 2 Joer Paus endlech nees e klenge Concert op der Porte Ouverte vun der Museksschoul spillen an de Schüler hir Instrumenter presentéieren. Um Bëschfest dierften si och erëm hiert Kënnen ënnert Beweis stellen. Mam Proufdag war am September e weidere flotte Moment fir de Jugendensembel, wou gutt geprouft konnt ginn, a mol nees zesumme Spiller maachen ugesot waren. Den 1. Advent war deen mëttlerweil traditionelle Concert um Chrëschtbazard vun de Semeurs de Joie um Programm. Derbäi koum, datt de Jugend an der Chrëschtzäit e puer flott Momenter mat der grousser Musek duerf gestalten. Heizou zielen de Concert um 1. Chrëschtmaart zu Lëntgen am Schoulhaff an d’Adventsfënster beim Musekssall. Elo schonn stinn eng Parti musikalesch Momenter um Programm fir d’nächst Joer, wou mir hoffentlech Corona ganz kënne vergiessen.

2021

Pandemie huet et dem Jugendensembel verschwéiert Momenter kennen zesummen ze verbréngen a Concerten ze spillen. Esou gouf et just e puer Momenter wou mir dierften spillen an d'Prouwen war bis Enn Mee net méiglech. Bedéngt duerch d’Pandemie ass et am Moment schwéier nei Memberen ze fannen, well keng nei no kommen an de Roullement zwëschent Jugendensembel a Museksschoul duercherneen koum. Dat éischt Evenement war réischt am Juni, wou mir zesummen mat der Fanfare e klenge Concert am Lëntgener Schoulhaff fir d’Fête de la musique gespillt hunn. D’UGDA hat Concerten uechtert d’ganz Land organiséiert an d’Lidd “Smile… It’s Contagious" gouf extra heifir komponéiert. Enn Juli sinn mir zesummen mat der Fanfare den Hämmelsmarsch spille gaangen. Den 22. Oktober hunn mir e puer Stécker um MERCI-Concert vun der Fanfare gespillt, deen en Ersatz fir de Gala-Concert war an bei deem jidderengem sollt Merci gesot ginn fir d'Ënnerstëtzung an der Pandemie. En traditionelle RDV konnt dëst Joer awer stattfannen. Den 1. Advent dierfte mir um Chrëschtbazard vun den Semeurs de Joie spillen, wat dann och grouss Freed gemaach huet fir virun Publikum ze spillen.

2020

Am Januar 2020 hunn mir normal mat eisen Prouwen ugefangen. Bis den Mäerz 07. Mäerz konnte dës normal·oflafen, awer dunn koum alles anescht wéi erwaard. Covid-19 hat sech an Europa ausgebreet an fir eis all ze schützen gouf en Lockdown verhaangen. Ab dësem Zäitpunkt hunn all Prouwen a Concerten missen annuléiert ginn. Zwar war et iwwert d’Summerméint·méiglech·e puer Prouwen, ënnert anhalen vun den·Hygiènesmesuren ofzehalen,·allerdings·hunn dës ab Oktober·erëm·missen rouen. Och wann et net·méiglech·war gréisser Prouwen oder Concerten ze maachen, sou huet den Jugendensembel sech et awer net huelen gelooss Musek ze maachen. E puer Online-Prouwen goufen ofgehalen an et goufen eng Parti flott Video zesumme geschnidden, déi op Facebook·verëffentlecht·goufen. 3 Highlight gouf et. Den 21. Juni an 06. Juli huet de Jugend bei 2 Flashmoben, organiséiert vun der UGDA-Museksschoul, e puer Stécker, mat·Ënnerstëtzung·vun der Fanfare, am Schoulhaff gespillt an konnt Spectateuren begeeschteren. Den Hämmelsmarsch sinn mir zesummen mat der Fanfare, a Gruppen vun 10 Léit, duerch d’Lëntgener Stroossen spillen gaangen. Schéi Chrëschtdeeg hunn mir mat 2 weidere Video an der Chrëschtvakanz gewënscht. Och wann dëst Joer vill negativ Repercussiounen hat, sou konnten mir awer e puer flott Moment erliewen. Bleift Gesond!

2019

Och wann de Programm net grad esou gutt gefëllt war wei dat Joer virdrun, esou stoungen awer och dëst Joer eng Parti, mëttlerweil traditionell RDVen um Programm.Esou huet den Jugend erëm säi Kennen ënnert Beweis gestallt, ënnert anerem bei der Auditioun, dem Bëschfest, der Mass um Briddel, dem Gala-Concert an dem Chrëschtbazard vun den Semeurs de Joie. Awer och beim Hämmelsmarsch waren si erëm·derbäi. 

Well de·Spaass·awer net dierf ze kuerz kommen sinn mer och een Dag LaserGame spille·gaangen·an hunn Owes zesummen mat den Elteren am·Musekssall·eppes guddes·giess·a Gesellschaftspillen gespillt. Wat dëst Joer och·onbedéngt·muss erwähnt ginn ass den·Zesummenhalt·vun de Musekanten an hiert Engagement. Bei all·Geleeënheet· och bei de Fester vun der·Fanfare· sinn si derbäi an hëllefen, heiansdo sinn se esouguer schonn fäerdeg mat der Aarbecht ier een·iwwerhaapt·gesot huet wat misst gemaach ginn. Zwee Memberen hu missen·Verabschid·ginn well se den Alter vun 18 Joer·erreecht·hunn, hinnen e groussen Merci, mee nei Memberen sinn·direkt·nogeréckelt esou datt et an·Zukunft·ka weider goen.


2018

Harmonympesch Spiller, Jugendaustausch, Gala-Concert a nach villes méi stoung fir de Jugendensembel um Programm. Esou vill wéi dëst Joer waren si nach ni aktiv. Derbäi konnten och 7 nei Memberen begréisst ginn. Ugefangen huet d'Joer mat der traditioneller Auditioun op der si all Joer e klenge Concert spillen. Iwwert d'Porte Ouverte, d'Mass um Briddel an d'Bëschfest goung et dunn am Julie op d'Harmonympesch Spiller op Zolwer wou de Jugendensembel a Spiller géint aner Jugendensembelen aus dem Land ugetrueden ass an um Enn vum Dag e Gewënner gekiert gouf. Do dernieft huet nach all Jugendensembel e klenge Concert gespillt, woubäi ze bemierken ass, datt mir déi eenzeg waren déi ouni Aushëllefen auskomm sinn.                                                         Um Ufank vun der Summervakanz war e besonneschen Moment, den Jugendorchester aus der Partnergement Vrees huet eis besicht. Mir hunn eng Woch zesumme verbruecht, mir hunn zesummen an der Jugendherberg zu Huelmes geschlof an hunn Aktivitéiten zesummen gemaach (Rallye duerch d'Stadt, Schwämm, etc.) a mir hunn e Concert virbereed a gespillt. An 3 Deeg gouf e flotte Programm ageprouft, deen d'Spectateuren begeeschtere konnt. Um leschten Dag sinn mir zesumme mat de Vreeser an der Lëntgener Musek den Hämmelsmarsch duerch Duerf spille gaangen an hunn d'Woch mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss.       No der grousser Vakanz koum de Gala-Concert a mam Chrëschtbasard vun de Semeurs de Joie konnt e flott a gutt gefëlltent Joer ofgeschloss ginn.

2017

Concerten, Jugendstage an Hämmelsmarsch sinn just e puer Punkten am Kalenner vum Jugendensembel. Op ganz ville Platze weise mir wat mir kennen, an och Spiller a Spaass kommen net ze kuerz. Virun allem um Jugendstage am Festsall “A Mouschelt" prouwe mir ganz vill fir de Gala-Concert virzebereeden, awer och Spiller sinn e ganz wichtege Bestanddeel. Esou konnten dëst Joer d’Memberen an engem Gänsespill hiert Wëssen iwwert d’Welt an d’Musek ënnert beweis stellen. Den Dag gouf mat engem Film, Pizza a Popcorn ofgeronnt. Um Gala-Concert huet den Jugendensembel zesummen mat Schüler aus der Lëntgener Museksschoul gewisen wat ze gepouft hunn a konnten de Publikum begeeschteren. E ganz flotten Moment war e Concert deen de Jugendensembel den 1. Advent um Bazar vun de "Semeurs de Joie" gespillt huet. Ronn eng Stonn huet de Concert gedauert an um Programm stoungen all d’Lidder déi am Laaf vum Joer astudéiert goufen mat e puer Chrëschtlidder fir déi besënnlech Zäit anzelauden.

2016

Och dëst Joer ass de Jugendensembel weider gewuess, esou duerfte mir 5 nei Memberen begréissen. Nieft eise normalen Optrëtter ewéi Auditioun, Porte Ouverte a Gala-Concert konnte mir och d'Bëschfest vun der Lëntgener Musek musekalesch verschéineren.

E besonneschen Highlight war de Gala-Concert, wou mir mat 4 Stécker de Publikum an d'amerikanesch Welt an an de "Wilden Westen" konnten entféieren. Dëst hate mir schonn am September um Proufweekend virbereet, hei konnte mir en Dag voller Musek, Spill a Spaass erliewen. E ganz flotte Moment war den 02. Dezember. De Jugendensembel huet zesumme mat der Fanfare an der Museksschoul Lidder fir de Kleesche gespillt, deen eis besichen komm ass, an natierlech och Tiitecher fir d'Musekanten an d'Kanner derbai hat.


2015

2015 war fir de Jugendensembel zwar méi e rouegt Joer, notamment well net esou vill Concerten ewéi 2014 um Programm stoungen, awer dach en Interessant. Am September, fir de Museksstage koumen eng Parti nei Schüler aus der Museksschoul an de Jugendensembel, esou dass dësen sech gutt vergréissert huet, an awer och scho méi frei am Joer duerften 2 nei Membere begréisst ginn. Dëst Joer stoung fir d’éischte Kéier d’Porte Ouverte vun der Lëntgener Museksschoul um Programm vum Jugendensembel. Een Dag, op deem interesséierte Léit d’Musekschoul an d’Instrumenter méi no bruecht goufen. Hei huet de Jugendensembel e klenge Concert gespillt, an d’Nolauschterer haten d’Meigelechkeet sech zwëschent d’Musekanten ze setzen. Awer och d’Schülerauditioun an de Gala-Concert stoungen nees um Programm, woubäi dëst Joer d’Solfègeschüler mam Jugendensembel um Gala-Concert matgesongen hunn.

2007-2014

De Jugendensembel vun der Lëntgener Musek gouf am September 2007 an d’Liewe geruff. Virun dësem Datum ass awer scho puermol en sougenanntene Jugendensembel, deen aus de Schüler vun der Museksschoul zesummegesat war, opgetrueden. Dëst war virun allem de Fall fir d’Schülerauditioun, wou d’Schüler aus der Lëntgener Museksschoul hiert Kennen ënnert Beweis stellen. Och haut ass d’Schülerlerauditioun nach ee festen Termin am Kalenner vum Jugendensembel. Ab September 2007 gëtt et de Jugendensembel dann och ganz offiziell mat regelméissege Prouwen, a mam Patrick Molitor, bis 2013, als Dirigent. De Jugendensembel soll de Schüler aus der Lëntgener Museksschoul d’Meigelechkeet bidden an engem klengen Ensembel ze spillen, an dat schonn am 2. Joer vun hiren Etuden, sou dass se net direkt an d’Fanfare setze kommen, wou Stécker oft ze schwéier sinn, an d’Schüler doduerch d’Loscht un der Musek verléieren. An de Joeren no 2007 war d’Schülerauditioun all Joers ee festen Termin am Kalenner vum Jugendensembel, esou ewei och de Gala-Concert vun der Lëntgener Musek wou sie all Joer mat e puer Stécker hiert Kennen ënnert Beweis stellen. Mee och Concerten ausserhalb vu Lëntgen stinn um Programm, sou hunn se 2007 e Chrëschtconcert zu Steesel gespillt, 2008 e Concert zu Consdorf, 2014 e Chrëschtconcert am Altersheem zu Miersch, etc. Awer och zu Lëntgen animéiert de Jugendensembel Evenementer, wei zum Beispill 2008 d’Hamefest vun der Lëntgner Musek, 2011 d’Aweiung vun der neier Sportshal beim Fussballsterrain, 2014 d’Sportlereierung, etc.


Ee Prouweekend gëtt regelméisseg organiséiert, wou d’Membere vum Jugendensembel Stécker(déi och mol méi schwéier sinn) fir hiren Optrëtt um Gala-Concert virbereeden. Hei gëtt Prouwe mat Spill a Spaass verbonnen, sou dass déi Jonk d’Freed un der Musek an dee Sozialen Aspekt méi no bruecht kréien.


Am Dezember 2013, op deem Dag wou de Kleesche komm ass, war dann ee grousse Moment fir de Jugendensembel, de Patrick Molitor huet den Dirigentebengel weider un de Marc Loewen ginn, deen ab do neien Dirigent vum Lëntgener Jugendensembel ass.





Phone Flip +352 691 500 883

Map Pin 31, route Principale

L-7450 Lëntgen

Instagram @fanfare_lentgen
Facebook

Mir benotzen Cookies an ähnlech Tools déi noutwenneg sinn fir Videoen ofzespillen oder Fotoen unzeweisen. 

Des weideren leeden verschidden Fonktiounen Iech op eis Facebook- oder Instagram-Säit weider. 

Well dir den vollen Empfang vun der Säit notzen ass är Zoustëmmung erfuerderlech.

OK

Verweigern