D’Lëntgener Musek bléckt op 125 Joer Geschicht zeréck.
Den 11. Dezember 1898 war déi offiziell Grënnung vun der Fanfare de Lintgen. Zenter hier ass villes geschitt.
An de folgenden Zeilen maache mir eng kleng Zäitrees bis zeréck zu den Ufänk vum Veräin.
Historique
2022
Lues a lues kënnt d'Musek erëm an den normale Rhythmus. Goufen et am Ufank vum Joer nach verschidden Aschränken a konnten verschidden Evenementer net stattfannen, esou gëtt et ab Summer erëm eng gewëssen Normalitéit. Am Abrëll konnt, no 2 Joer Paus, eis Porte Ouverture ofgehale ginn, an vill Schüler sinn Instrumenter ausprobéiere komm. Am Juli war erëm eist traditionellt Bëschfest, wat e vollen Erfolleg war. Mir si quasi vun de Léit iwwerrannt ginn, mat sou engem groussen Undrang hat zu dem Moment nach kee gerechent. Den 22. Oktober war eise Gala-Concert, dëst Joer ënnert dem Motto ,, Yin & Yang ; Géigendeeler zéien sech un". D'Zuschauer waren zefridden an et konnte flotte Moment zesummen erlieft ginn. Den absoluten Highlight vum Joer war fir d'Musekanten allerdings den Austausch mat Kuringen. Den 14. a 15. Mee koum ,, Koninklijke Harmonie Sint-Cecilia Kuringen/Hasselt (B)* eis op Lentgen besichen. Et gouf vill geprouft awer
och d'Fräizäit koum net ze kuerz an esou konnten vill flott Momenter erliewen ginn. Den Ofschloss huet e gemeinsame Concert den 15. Mee gebilt. D*Zuschauer an d'Musekanten waren méi ewéi zefridden. De 25. a 26. Juni ass dunn d'Lëntgener Musek hir Frënn op Kuringen/Hasselt besiche gaangen. Eng Parti Visitten stoungen um Programm an den 26. Juni gouf deen gemeinsame Concert zu Kuringen/Hasselt
widderholl. Bei dësem Austausch konnte vill nei Frëndschafte geschloss ginn.
D'Musekanten erënneren sech gären un des Momenter zeréck. An der Chrëschtzäit duerften mir um 1. Lëntgener Chrëschtmaart zesummen mam Jugendensembel, Chrëschtmusek spillen. Bei der Adventsfenster gouf d'Chrëststëmmung weider gefouert an fir d'éischte Kéier war des net just
musikalesch, mee d'Fënster war chrëschtlech gerëscht.
Leider huet d'Pandemie och dëst Joer net zougelooss, datt mir konnten am normale Rhythmus prouwen a Concerten spillen. Et huet gedauert bis Enn Mee ier mir aus dem Lockdown eraus waren an mat den Prouwen konnten ufänken. E Puer Rendez-vousen konnten awer bäibehalen ginn. Wéi schonn 2020 mat dem Flashmob, goufen och dëst Joer fir d’Fête de la Musique, vun der UGDA Concerten uechtert d’Land organiséiert. Zesummen mam Jugendensembel hunn mir d’Lidd “Smile… It’s Contagious” gespillt, wat extra fir dës Concerten komponéiert gouf. Mat dësem an anere flotte Lidder konnte mir dem Publikum am Lëntgener Schoulhaff e flotte Concert spillen. Fir den Hämmelsmarsch sinn mir a klengen Gruppen duerch Duerf gezunn a konnten de Léit an dëse schwieregen Zäiten e bëssen Musek bei d’Haus bréngen. Lues a lues goufen am Land erëm méi Concerten gespillt a sou hunn mir et eis net huelen gelooss den 22. Oktober 2021 eisen MERCI-Concert, als klengen Ersatz vum Gala-Concert, am Festsall ze spillen. Natierlech ënnert dem CovidCheck-Regime deen et duerch Tester an Kontrollen iwwerhaapt erméiglecht huet Evenementer mat méi engem groussen Publikum ze organiséieren. Et war e gelongene Concert mat deem mir eisen Supporter wollte Merci soen fir hir Ënnerstëtzung an der Pandemie an et huet Spaass gemaach no esou laanger Zäit erëm e richtege Concert dierfen ze spillen. Och wann d’Situatioun sech am Dezember erëm verschlechtert huet, esou hoffe mir awer datt dat nächst Joer besser gëtt an mir méi oft kennen zesummen Musek maachen.
2020
D’Joer 2020 koum ganz anescht wéi mir all erwaard hätten. Duerch Corona koum et am Mäerz zu engem Lockdown, an ab dësem Zäitpunkt hunn eis Prouwen missten ophalen. Quasi all Manifestatioune goufen gestrach an dat wat een gehofft hat spéider no ze huelen huet leider och missen ausfalen. Wou et déi Sanitär Regelen zougelooss hunn goufen eenzel Regesterprouwen iwwert d’Summerméint gehalen, awer dës hunn ab Oktober och erëm leider missen ausfalen. Esou datt Manifestatiounen vun dësem Joer op enger Hand kennen opgezielt ginn. 2 Flashmoben goufen vun der UGDA-Museksschoul den 21. Juni an den 12. Juli organiséiert. Mir als Fanfare hunn den Jugendensembel heibäi ënnerstëtzt instrumental ënnerstëtzt. E puer Spectateuren haten sech am Schoulhaff versammelt a waren frou fir no laanger Zäit Live-Musek ze héieren. Déi 3. Manifestatioun vum Joer war den Hämmelsmarsch deen mir a Gruppen vun 10 Léit duerch d’Stroossen vu Lëntgen konnt spille goen. Mir soen de Léit op dëser Platz nach eng Kéier Merci fir déi grouss finanziell Ënnerstëtzung beim Hämmelsmarsch. Ee flotten Moment wou mir dëst Joer konnten als ganz Musek zesummen spillen war eisen Proufdag, wou mir ganz Mouschelt accaparéiert haten an mat anhalen vun alen Hygiènesmesuren konnten zesummen musizéieren. Fir Chrëschtdag haten mir eisen Supporter iwwert Facebook mat engem flotten Video schéin Chrëschtdeeg gewënscht an zumindest digital zesummen musizéiert. No engem Joer mat vill Repercussiounen duerch Covid-19 hoffen mir datt nächst Joer e puer méi Manifestatioune méiglech sinn an mir iech, no dëser laanger musikalescher Paus, op eisem Gala-Concert begréissen kënnen. Bleift Gesond!
2019
Et war erëm e bëssen méi rouegt Joer. Leider huet déi lescht March Gurmande missen krankeetshalber ausfalen, mee och wann dësen Datum elo am Kalenner fräi ginn ass, esou heescht et net datt e fräi bleift, well schonn fir d'nächst Joer ass eppes neies geplangt. E puer Concerten ausserhalb vu Lëntgen stoungen och um Programm, esou waren mir erëm um ING-Marathon derbäi, hunn e Concert zu Réimech gespillt, zu Miersch um Drachefest a konnten hëllefen den "Walfer Konscht an Hobbymaart" ze verschéineren. Den Halleluja vum Leonard Cohen vun mir op puer Concerten als Zugab hu missen spillen, well Zuschauer einfach no dësem Stéck verlaangt hunn an eis heifir esouguer eppes an d’Kees geluecht hunn.
De Gala-Concert stoung ënnert em Thema léift an eis Dramkoppel den Jeff Herr an d’Sandra Machado hunn mat enger romantescher éischter Léift duerch de Concert gefouert, mee leider sollten déi zwee awer net zesumme kommen, mee béid hunn spéider hiren Drampartner fonnt. Esou war de Gesamtkonzept vum Gala-Concert erëm gelongen an d’Publikum konnt glécklech heem goen.
2018
Et war méi e rouegt Joer fir d'Lëntgener Musek, de Programm war net grad esou gefëllt mee trotzdem ware mir vill aktiv an 3 nei Membere konnten am Veräin begréisst ginn. Dëst Joer gouf fir d'éischt säit laangem erëm e Concert op der "Place d’Armes" gespillt, deen de Publikum begeeschtere konnt. Um Ufank vun der Summervakanz war e flotte Moment fir d'Fanfare a virun allem fir de Jugendensembel, den Jugendorchester aus der Partnergemeng Vrees huet si fir eng Woch besicht. Hei krute si vill lëtzebuerger Traditioune gewisen, notamment den Hämmelsmarsch, deen mat hinnen astudéiert gouf an deen d'Vreeser mat duerch Duerf spille waren. E besonnesche Moment war, wéi schonn déi Joere virdrunner, de Gala-Concert. Esouvill Zuschauer wei dëst Joer waren nach ni do an esou war kee Stull méi iwwereg. Um Krimi-Gala konnte mir och d'Lëntgener Chorale mat der Vreeser Chorale begréissen, déi eis tatkräfteg ënnerstëtzt hunn fir de Mord deen virum Gala-Concert geschitt war opzeklären. Et war e flotten Owend deen a sengem Gesamtkonzept, och duerch d'Presentatiounen vun de Wierker, a Form vu klenge Sketcher, gelonge war.
2017
D’Lëntgener Musek ass weider gewuess, 6 Léit sinn am läschte Joer bäikomm, an och den Jugendensembel brauch net iwwert Nowuess ze kloen, et goufen 4 nei Memberen am vergaangene Joer begréisst. All Member ass ganz aktiv am Veräin, dëst gesäit een um héije Prouwebesuch, an awer och bei de Präsenzen bei aneren Aktivitéiten an engem vollen Terminkalenner vun der Fanfare. Op ganz ville Platzen ass d’Lëntgener Musek am Gemengeliewen vertrueden, an hëlleft wou se kann. Zwee Highlighten vun dësem Joer waren den Concert zu Waasserbëlleg wou d’Musek hiert musikalescht Kennen ënnert beweis gestallt huet, hei sief just een Kommentar vum Publikum ze nennen: “Déi do déi kennen Piano spillen”. Awer och de Gala-Concert war e flotte Moment. De grousse Publikum, deen mat eis am Fliger duerch d’ganz Welt gereest ass, war begeeschtert vum Programm an der Qualitéit an eis Stewardessen hunn vir d’Wuel vun de Léit gesuergt.
2016
D'Lëntgener Museksschoul ass weider gewuess, esou sinn dëst Joer ronn 50 Schüler ageschriwwen an och de Jugendensembel krut Membere bäi. De Jugend ass ëmmer do wann een se brauch an si hu vill Spaass um Veräinsliewen.
E Moment vun der Renconter vum Jugend a vun der Fanfare ass eise Proufweekend, wou mir e Moment vu Convivialitéit erliewen an de Gala-Concert virbereeden. Dëse stoung dëst Joer ënnert dem Motto "Amerika" an huet dee gutt gefeltene Sall begeeschtert.
Och eis "Marche Gourmande" war e vollen Erfolleg an et huet de Léit gutt geschmaacht, a gutt gefall wei mir sie an de Lëntgener "Zauberbësch entfouert" hunn.
2015
Och d’Lëntgener Musek huet säit dësem Joer Facebook. Eng gutt Méiglechkeet fir mat de Kollege vun der Fanfare a Verbindung ze bleiwen, an d’Léit ëmmer iwwert nei Evenementer, vun a mat der Fanfare, um lafenden ze halen. Net oft huet een als Musek d’Meigelechkeet am Ausland ze spillen, awer dëst Joer dierfte mir e Concert zu Udange, an der Belge, spillen. E flotte Moment fir och mol jenseits vun de Grenzen eist Kennen ënnert Beweis ze stellen. De Gala-Concert stoung ënnert dem Motto « Disney ».
Filmmusek vun Disney vu fréier an haut huet een un flott Filmer denke gelooss an een an d’Kandheet zeréck versat.
2014
Déi éischt Manifestatioun vun der Fanfare ass bal all Joer de Kannerfuesbal, wou a flotter Atmosphäre Fuesent mat de Kanner geféiert gëtt. Sou och dëst Joer a schonn 1 Mount drop ass dann och d’Schülerauditioun, wou sech all Joer d’Schüler aus der Lëntgener Museksschoul presentéieren, an dat wat se am Joer geléiert hunn opféieren. Dëst ass en Termin wou een ëmmer erëm gesäit, dass d’Musek eppes ganz flottes fir d’Jugend ka sinn. Dëst Joer, wei schonn 2012, war erëm ee Concert mat all de Museken aus dem Uelzechtdall, des Kéier zu Steesel. E flotte Moment, wou een all d’Museken zesummen huet an, ewéi dëst Joer, e puer Stécker zesumme spillt. Hei huet een d’Méigelechkeet Kontakter ze knäppen an nei Musikante kennen ze léieren. De Gala-Concert stoung dëst Joer ënnert de Moto « Classic goes Rock », e Concert, an deem d’Lëntgener Musek duerch déi eenzel Museksstyler bis an eis häitesch Zäit gereest ass.
2013
Et ass kee gewéinlecht Joer, e Veräin feiert Gebuertsdag - 115 Joer - an orientéiert sech an d'Zukunft. Zesumme mat der Gemeng, der UGDA an der UGDAMuseksschoul gëtt gutt Aarbecht geleescht fir dës sënnvoll Fräizäitgestaltung op engem héijen Niveau ze halen. Awer och dat soziaalt Geschéien am Duerf däerf net vernoléissegt ginn. Mir sinn ëmmer erëm frou, wa vill Leit un all eise Manifestatiounen deelhuelen.
2012
De 17.Mäerz, bei Geleeënheet vun der 100-Joer Feier vun der Walfer Musek, spillen déi Mierscher, Lëntgener, Hielem-Luerenzweiler, Steeseler a Walfer Musikanten zesummen e groussen Concert-iwwer 200 Musikanten, impressionant!
Wéi all Joer organiséiert d'Museksschoul vun der Gemeng Lëntgen hir Schülerauditioun mat Diplomiwwereechung an Zesummenaarbecht mat der Fanfare am renovéierte Veräinssall an der rue de l'église.
Den 21. Abrëll kréien déi nei Gemengeréit symbolesch ee Bam geplanzt, op Mouschelt bei deem neie Festsall. D'Lëntgener Musek huet de musikaleschen Encadrement vun dëser sympathescher Feier iwwerholl.
Trotz dem staarke Reen - bestëmmt deen naassen Dag am Joer - ass d'Marche Gourmande den 3. Juni net an d'Waasser gefall!
ING-Marathon zu Lëtzebuerg, d'Fanfare vu Lëntgen ass mëttlerweil fir déi drëtte Kéier dobäi fir d'Leefer unzefeieren.
Bëschfest a Mouschelt, dat kléngt ongewinnt, ass awer nëmmen dee neien Numm a Site vum Hamefest hannert der Schoul.
De Norbert Valmorbida an de Patrick Molitor ersetze provisoresch de Serge Parisi, deen no 6 Joer de Veräin verléisst.
Den 30. September bedeelegt sech d'Musek um Cortège vum Alzenger Oktoberfest. De 27. Oktober spillen déi jonk a manner jonk Musikanten de Gala-Concert op Mouschelt. Dirigente sinn de Jos Cannivy an de Patrick Molitor. Vill Aarbecht bei de Manifestatiounen leeschten och déi Jugendlech a jonk Erwuessen, oft stellen si dem Veräin hiert technescht Material zur Verfügung fir ee bessert Gelénge ze garantéieren.
2011
No de Gléckwënsch fir dat neit Joer, der Spillerversammlung an och der Generalversammlung offréiert de Comité all Joer e Banquet. Dëst gemittlecht Zesummesinn ass awer net nëmmen fir d'Memberen an hir Familljen, neen, och fir all déi Léit, déi dem Veräin am Laf vum Joer bei senge Manifestatiounen ënnert d'Arem gräifen a soss hëllefen, oder eis op eng aner Manéier ënnerstëtzen.
Et schengt ee rouegt Joer ze sin, et gesait awer nëmmen esou aus. 35 Prouwen an 20 Sortien musse schliesslech exakt preparéiert ginn. Domadder geet et awer net duer. Organisatioun, Op- an Ofriichte vun de Fester an och dem Gala-Concert, déi vill Stonnen kann een net op enger Hand ofzielen. An awer ass d'Arbecht ëmmer gemaach.
Musikaleschen Encadrement vum Jugendensembel bei Geleeënheet vun der Aweiung vun där neier Sportshal.
2010
Et gëtt eng Rei vu Manifestatiounen, déi sech all Joer widderhuelen, et kommen awer och nei Saachen dobäi. Den 9. Mee ass fir d'éischte Kéier eng Marche Gourmande an der Gemeng Lëntgen, organiséiert vun der Lëntgener Musek. Vill Aarbecht, awer och groussen Erfolleg.
D'Musek hëlleft awer och anere Veräiner ze feieren, z.B. dem FC Minerva säin 100. Gebuersdag.
An datt ons Jugend capabel ass fir aleng ee Concert ze spillen, beweist si dëst Joer um Schoulfest.
De 7. Juli kritt d'Gemeng d'Croix de Mérite en Vermeil fir déi véierzegjäreg gutt Zesummenaarbecht mat der UGDA an hirer Museksschoul.
Op eisem Gala-Concert am Oktober, e sympathesche Geste: d'Madame Christiane Mathay an d'Famill Muller iwwerreechen der Musek e ganze Set Perkussiounsinstrumenter an eng nei Klarinett. Merci villmols!
Ergräifend Momenter och all Joer wann op der Journée Commémorative de Gefalenen a Vermëssten aus dem Zweete Weltkrich mat der Sonnerie aux Morts an der Heemecht geduecht gëtt.
2009
Télévie zu Miersch de 25. Abrëll an d'Museke vu Miersch, Béiwen a Lëntgen spillen zesummen den Télévie-Miersch.
Eng grouss Freed mécht et de Leit all Joer wann den Hämmelsmarsch gespillt gëtt, et ass een ale Brauch deen zu der Kultur vun enger Wunngemeinschft gehéiert.
Zesumme mat dem portugiseschen "Groupo Folklorico Zes Preiras" vu Lëntgen gëtt de Gala-Concert vum 17. Oktober an der Sportshal ee vollen Erfolleg.
2008
Et muss ee jo net ënnersträichen, dass d'Fanfare vill Prëssessiounen an all Cortège an der Gemeng musikalesch verschéinert.
Chorale a Fanfare offréieren den 23. Juni ee Concert-Apéro bei der Geleeënheet vun der 200 Joer-Feier vun der Gemeng Lëntgen.
Awer och iwwer d'Grenze vu Lëntgen eraus spille mir Ambassadeur vun eiser Gemeng, sief et Halleffaaschten zu Waasserbëlleg oder op der Bauerekiermes zu Housen!
Niewebäi bemierkt, de Veräin ass 110 Joer jonk!
2007
Iwwer genuch Aktivitéiten brauchen d'Memberen sech bestëmmt net ze bekloen. Eis Chorale Sainte Cécile vu Lëntgen feiert 75 Joer, mir ënnermole musikalesch hir Seance Académique. Eng leschte Kéier, de 17. Juni, gëtt um Camping Waldesruh ee Concert gespillt.
Leider demissionéiert eise President Joé Miersch, bleift der Musek awer nach als aktive Musikant erhalen. Merci, Joé, fir däin Asaz!
Traditionelle Concert op der Plëss an Hochzäit vun eisem Sous-Chef zu Biissen. An dann och nach een neie provisoresche President, de Jean Ewen. Et schéngt, wéi wann dat Provisorescht net esou wuertwiertlech ze huelen ass.
Fanfare, Jugendensembel an och déi dynamesch Danzschoul "Stepping Out" suerge fir een excellente Gala-Concert: "Danzmusek, fréier an haut".
2006
De Norbert Valmorbida, provisoreschen Dirigent, zitt sech zréck. Als interim, wéi ëmmer hëlleft eise Sous-Chef, de Patrick Molitor aus. De Patrick huet och nach eng zweet Charge, als Chef vum Jugendensembel. D'Fanfare bedeelegt sech un der Kannerkalvakade zu Schëffleng.
Den 21. Abrëll ass ee feierlechen Ëmzuch vum alen an dee neien Musekssall, deen éischten neie Sall an der Veräinsgeschicht!
D'Hamefest hannert der Primärschoul gëtt Sonndes nomëttes wéinst engem schwéieren Wieder ënnerbrach.
Offiziell Aweiung vu Musekssall a Museksschoul de 24. November.
2005
Gala-Concert mat Solo-Performancë vum Ernie Hammes, beschtbekannten Trompettist a Member vun der Militärmusek. Feierlech Aweiung vun der Philharmonie um Kierchbierg; zwee jugendlech Musikanten vu Lëntgen kënne bei dëser Geleeënheet mat optrieden.
Den FC Minerva Lëntgen stéicht an d'Eierepromotioun, mir sinn natierlech bei der um Foussballsterrain dobäi!
Den Caeciliendag gëtt an der Dekanatskierch zu Miersch gefeiert, d'Parkierch vu Lëntgen ass wéinst Aarbechten zou. Och gëtt et keng Niklosfeier méi an der Sportshal.
2003
Wann den 1. Mee gefeiert gëtt, ass et selbstverständlech, dass d'Muikanten den Ëmzuch mat e puer schmasseg Märsch begleeden, nodeems den traditionelle Meekranz am Bësch gebonne ginn ass.
Duerch d'Vermëttlung vun engem Member aus der Pompjeesfederatioun ass d'Lëntgener Musek aktiv um Feuerwehrfest zu Neidenbach/Bitburg bedeelegt.
2001
De Léon Maurer, Sekretär, an de Charel Schirtz, Keessier ginn a Pensioun. Mir wäerten hire jorelaangen wäertvolle Asaz fir d'Lëntgener Musek net vergiessen!
Och d'Madame Alexine Baumann, déi éischt Presidentin an der Veräinsgeschicht gëtt hir Charge virun un de Joé Mersch. Merci Lexi!
D'Musek hëlt deel un der Kavalkade zu Bollendorf an och un der Iechternacher Sprangprëssioun. Mir spillen een Austauschconcert zu Lautenbach am Schwarzwald a participéieren zu Miersch un der Joyeuse Entrée vun eiser Herscherkoppel, den Grand-Duc Henri an der Grand-Duchesse Maria Teresa.
Moies eng Visite am Zoo zu Antwerpen, uschléissend ee Spadséiergank duerch d'Stad selwer. Mëttes dann eng grouss Haferundfaht ...... neen, sollt net sinn, de Chauffeur fënnt de Wee net ...... an dofir nëmmen e klengen Tour mam Boot duerch déi zweetgréisst belsch Stad.
1998
100 Joer Feier vun der Lëntgener Musek!
Empfang an Éierung fir d'Musek am Joer 1976; nom erfollegräiche Concours zu Elwen kréien d'Musikanten véier nei Instrumenter iwwerreecht, gestëft vu Lëntgener Matbierger a Geschäftsleit.
Aussergewéinlech! Achtzeg Joer jonk an iwwer siechzeg an der Musek. Dat ass den Emile Loewen, deen all Funktioun am Veräin kennt. 1979 gëtt hien, zesummen mat senger Madame vun de Membere geéiert.
35 Schüler sinn ageschriwwe fir de Solfège oder fir en Instrument ze léieren. An de klengen Uertschafte ginn dës Coursë vun de lokale Museksgesellschaften organiséiert.
1981 invitéiert den Här Buergermeeschter d'Vertrieder vun de Gesellschaften aus der Gemeng; den "avant-projet du centre culturel de Lintgen" gëtt virgestallt, awer ni realiséiert.
1982 verloossen 8 jonk Musikanten de Veräin, dat ass keen Zoufall, et geet awer virun.
1983 gëtt de 6. "Grand Festival Musical et Vocal" an der Sportshal vu Gesank, Musek a Société des Accordéonistes gesongen a gespillt.
1984 ass d'National-Lotterie Gaascht zu Lëntgen. De Comité an d'Musikanten hunn dëst Joer 30 Sortien a Manifestatiounen. Ëmmer méi beléift gëtt de Concert-Apéritif.
1986 ernennt d'Generalversammlung den Här Mathias Bintner zum Sous-Chef d'Honneur à Vie, de Pierre Diederich iwwerhëlt d'Funktioun vum Sous-Chef. Concert bei der Protection civile am neien Asazzenter mat Atelier, Dikrecherstrooss.
1989 ginn 150 Joer Onofhängegkeet op kantonaler Basis gefeiert. Déi Lëntgener Veräiner wierken aktiv zu Miersch am Cortège mat.
Nei Iddien si gefrot, fir d'Kees opzebesseren. De Comité beschléisst 1990, ee jäerlecht Hamefest ze organiséieren, ugangs Juli. Mat Erfolleg! Den Numm an d'Formule droe ganz vill zum Erfolleg vun engem Fest bäi. Déi normal Baler, Familljenowenter a Fester verléieren lues a lues un Attraktivitéit.
Een neie Moment an der Geschicht vun der Lëntgener Musek. 1994 iwwerhëlt eng Dame d'Charge vum Dirigent. Eis nei Dirigentin, d'Madame Josiane Collard-Bizjak, setzt direkt déi richteg Akzenter a besicht d'Schoulklasse vu Lëntgen fir bei de Kanner d'Freed un der Musek ze erwächen. De positiven Echo léisst net laang op sech waarden!
Et gëtt gefeiert, dat ganzt Joer 1996. D?Gemengeverwaltung, den Organisatiounscomité, d'Entente an d'Veräiner organiséieren "1100 Joer Lëntgen". Et ass eng schéi Feier voll kultureller Wäerter. Lëntgen, mat Goussel a Pretten, ass eng Gemeng mat Geschicht, mat gesellschaftlechem Erfolleg, mat wirtschaftlechem Opschwong; seng Bierger solle stolz sinn, et ass de Merite vu jidderengem.
Den 100. Anniversaire vun engem Veräin ass dee schéinsten. An dat ass de Verdéngscht vun all de Memberen, déi vu fréier an déi vun haut. Fanfare de Lintgen 1898-1998. Oder soe mir ganz einfach 100 Joer Lëntgener Musek. Et ass de Moment fir de verdéngschtvolle Musikanten, Comitésmemberen, Annonceuren, Ennerstëtzer, Stëfter vun Instrumenter a Frënn vun der Gesellschaft Merci ze soen; an der Broschür vum Centenaire sinn se all ernimmt!
Net ze vergiessen d'Pätteren an d'Giedelen vum neie Fändel.
1949-1973
Den Här Federspiel, Gäertner, stellt dem Veräin een Terrain zur Verfügung fir ee Kiosk opzeriichten.
Den 1. Mee 1950 gëtt e Saxophon esou uerg beschiedegt, dass eng Reparatur onméiglech ass.
D'Fédération des Brasseurs stëft all de Musekanten aus dem Land ee Marsch: "Onse Béier ass gudd!"
Nach eemol ass "d'Maul und Klauenseuche" ënnerwee, am November 1951. Dofir muss de Familljenowend verluecht ginn.
Um Concours zu Déifferdeng ass d'Lëntgener Musek déi eenzeg, déi keng Uniform un huet. Dat soll sech awer änneren. De Stoff gëtt vun der Duchfabrick Demuth, Esch-Sauer, geliwwert an 1952 bitzen d'Schneidere Becker a Mootz déi nei Uniformen.
1953 geet et op e Flicht-Concours op Klierf. D'Fanfare Lëntgen klasséiert sech als déi bescht fir II an III Divisioun. Den Här Tribou, Musiksprofesser, ass Dirigent.
Ee Sträit tëschent dem Fussball an der Musek, et geet ëm den Datum vum Fuesbal 1955, gëtt an enger aussergewéinlecher Versammlung gekläert. Schiribiribin ass de Numm vun deem Bal a gëtt Buergsamsdeg ofgehal. D'Joer duerno kritt de Bal en neien Numm: Bumsvaldera.
No lange Joeren an de Säll vu verschiddene Cafeeën an 1948 an der Jongeschoul, kritt d'Fanfare Lëntgen 1956 en eegene Proufsall, um éischte Stack an der aler Gemeng am Kirchewee, ënnenan ass d'Post. Am Joer 1956 gëtt och d'Strëpp vun der Musek gegrënnt, "The Village Band".
No fläissegem Prouwen huelen déi Lëntgener Musikanten 1957 un zwee Concoursen deel, zu La Roche an och zu Ettelbréck. Déi vill Méi gëtt belount, d'Fanfare Lintgen klasséiert sech an der I Divisioun.
1958 ass 60. Anniversaire an d'Musek kritt en neie Fändel. An enger interessanter Broschür dokumentéiert den Här Schoulmeeschter Wiltgen d'Geschicht vun der Famill Heuardt, "Maximinische Grundmeyer zu Lintgen". Iwwregens staamt aus dem Heuradt's-Haus op der Haaptstrooss och de Jesuitepater a Grënner vun der brasilianescher Stadt Santarém, de Johann Philip Bettendorf.
Dräi Deeg Zeltfest Päischten 1960 bei der Ceodeux mat de Stëmmungsbléiser Luc. Feltissimo & the Boys. Duerch hier Manifestatiounen dréit d'Musek vill zum gesellschaftlechem Liewen an der Gemeng bei. Awer och all Aweiung gëtt matgemaach, zum Beispill beim Camping Waldesruh a Mouschelt.
1963 gëtt eng nei Heizung installéiert an de Proufsall frësch ugestrach. Véier nei Instrumenter gi gestëft an un eis éischt Dammen am Veräin iwwerreecht.
De Fuesbal kritt 1964 Nowues, de Bumsvalderachen, ee Fuesbal fir Kanner. Ëmzuch duerch d'Duerf beim Trounwiessel, dee sympathesche Prënz Jang gëtt eise Grand-Duc!
1967 leescht d'Fanfare sech nei Uniformen. Virum Concours zu Bieles gëtt den Dirigent Schmit "krank" a kuerzfristeg duerch den Här Nico Reinert ersat. Mat Erfolleg! Och interesséieren sech erëm méi Jugendlecher fir d'Musek.
1970, ufanks Mäerz op engem Maskebal, kënnt ee Bok an enger Soutane a mat Birett an de Sall. Dësen aussergewéinleche Witz gëtt dann och prompt mat engem Artikel am Lëtzebuerger Wort honoréiert.
An d'Fester gi virun. 1971 ass Mee-Fest an den Halen vun der Garage Muller, d'Bar ass an der Fosse!
Grousst Garagefest 1973 op der selwechter Plaz. Den eegenen Orchester Village Band suergt fir Stëmmung an den éischte Präis vun der Tombola ass een Occasiounspeugeot 404.
Et soll och emol ervirgestrach ginn, dass déi Lëntgener Geschäftsleit a Fabriken de Veräiner ëmmer déi néideg Ënnerstëtzung ginn.
Et ass de Brauch, fir bei Anniversairen eng Foto ze maachen, esou och bei der Lëntgener Musek hire 75 Joer. De Film bleift dommerweis onbeliicht. Kee perséinlechen, mee en technesche Feeler, sou dem professionelle Fotograf seng Ausried. Zu eisem Nodeel - mir hunn keng Foto an den Archiven!
Dat Joer nom Anniversaire ass gewéinlech ee rouegt Joer. De Keessier ernimmt zweemol eng "Belustigungssteuer", 64,90 an 78,30 Frang, déi un den Enregistrement ze bezuelen ass.
Vun 1915 bis 1930 ass och weider kee Protokoll iwwert de Veräin gefouert ginn. Fir Onkäschten ze decken, gëtt vill geschafft, nach ëmmer. Et gëtt Theater gespillt, e Bëschfest ofgehalen, den Hämmelsmarsch geblosen, Baler an e Familljenowend organiséiert. De Subsid vun der Gemeng beleeft sech op 1.000 Frang, den Theater bréngt 898 Frang brutto. Véier Saxophonen, een Helikon an ee Bügel belaaschten d'Kees mat 3.881,40 Frang. D'Uschafe vun Instrumenter an och dem Dirigent seng Reeskäschten sinn awer leider onëmgänglech. De Velosclub "L'Hirondelle" Lëntgen organiséiert 1928 eng Course, déi lokal Musek gëtt gefrot fir ee Concert ze spillen. Awer och déi deemoleg däitsch Matbierger fänken dunn un, sech breed ze maachen. De "Bund der Auslandsdeutschen, Landesverband Luxemburg, Ortsgruppe Lintgen, gezeichnet Weber", mécht viru Chrëschtdag 1928 eng schrëftlech Ufro: 3-4 Musikante solle mathëllefen, hir Feier ze verschéineren. Ofgewisen!
Concours, verbonne mat enger Ausstellung, 1930 zu Léck. 121 Musikanten an Awunner vun Lëntgen fuere mam Zuch dohinner. D'Fanfare gëtt mat Diplome a Medaille belount.
Bei enger sympathescher Feier zéien sech den Här an d'Madame Wampach 1931 aus dem Lëntgener Geschäftsliewen zréck. Hire Café bei der Kräizung gëtt vum Kurt iwwerholl.
Ee neie Fändel ass bestallt. 1932 gëtt dat wäertvollt Duch mat Symbolcharakter ageweit. Genee wéi am Joer 1923 feiere Gemengeverwaltung, Veräiner an Organisatioune vun hei a vun auswäerts an natierlech och déi Lëntgener Bierger all zesummen. President vum Eierecomité ass den Här A.Th. Schmitz, Direkter vun der Ceodeux.
D'Lëntgener Musek wiesselt 1933 d'Veräinslokal an domadder och de Proufsall, leider gëtt et keen ëffentlecht Gebai fir d'Gesellschaft ënner Dach ze kréien. Et gëtt bei de Kurt fréier Café Wampach.
D'Frellenziichterei op de Weiere gëtt vum Dr. Schulz gefouert. Den Här Schulz ass och President vun der Musek a soll spéider nach eng aner Funktioun an der Gemeng Lëntgen iwwerhuelen!
Et ass eng ganz schwéier Zäit fir d'Fanfare Lëntgen, 1936, bal den Aus. Marcel Martin, Jean-Pierre Probst, Jos. Reding, Emile Loewen a Nic. Stirn, fir nëmmen déi ze nennen, ginn net op.
Esou Leit ass et ze verdanken, dass et iwwerhaapt weider a viru geet.
Wéinst enger "maul und Klauenseuche" ëm Chrëschtdag 1937 gi sämtlech Manifestatiounen am Duerf ofgesot an op e spéideren Datum verluecht.
Ënnert dem Patronage vun der Gemeng ass 1939 ee Schoulfest zu Éieren vun eiser Onofhängegkeet. Zéng Méint méi spéit ginn d'Aktivitéiten vun der Musek agestallt, een Deel vun der Schëfflenger Awunnerschaft ass zu Lëntgen evakuéiert, sämtlech Haiser a Säll si beluecht.
D'Fräizäitgesellschafte musse sech beim "Stillhalter für das Organisationswesen Luxemburg" melden. Net all Musikant oder Comitésmember ass mat den däitsche Virschrëften averstan oder hellt se an.
Den Dr. Schulz, däitsche Staatsbierger, ass Buergermeeschter, verhält sech awer relativ korrekt, anescht wéi d'Gielemännercher.
No der Befreiung, an enger Generalversammlung, gedenken d'Musikanten hire Kollegen, déi leider aus dem Krich net méi erëmkomm sinn.
D'Fanfare Lëntgen ass nei organiséiert an hëlt 1947 um Concours zu Mamer deel. Ee Joer méi spéit ass et dann esou wäit: d'Lëntgener Musek besteet een halleft Joerhonnert a kritt e Sall an der Jongeschoul bei der Kierch zur Verfügung gestallt, fir Prouwen ofzehalen. Siwwenzéng Memberen a Schüler feieren ee grousst Fest. Dat ass e wäertvolle kulturelle Bäitrag, well bei esou engem Fest gëtt déi vokal an instrumental Muek héich geschriwwen.
Generalversammlung an offiziell Grënnung vun der Musek den 11. Dezember 1898 um 3 Auer nomëttes am Lokal Piermentier an der Fëschbecherstrooss. Am Sall vun desem Lokal gëtt mat Ennerbriechung, bis 1948, geprouft, Concert an Theater gespillt. D'Joer duerno kritt den Veräin säin éischte Fändel. Am Keessebuch sin 64 Eierememberen agedroen. Et dauert och net laang, bis déi Couragéiert Musikanten am Joer 1900 un engem Concours deelhuelen, an zwar zu Miersch. Drëtte Präis, 3. Sektioun, III Divisioun ass d'Resultat.
Dës jonk Gesellschaft dréit vun Ufank un zum kulturellen Liewen an der Gemeng bäi: Concert, Bal, Theater, Matwierken un de kierchlechen a weltlechen Manifestatiounen an nach munches méi.
1905, no interner Ofstëmmung, gëtt awer schonns geplënnert. Mat Miwwel a Pulter geet et an de Sall vum Hotel Theisen op der Haaptstrooss. Et gëtt och decidéiert, fir "Mutzen" unzeschafen.
D'Fanfare Lëntgen ass net nëmmen um Gebitt vun hirer Gemeng aktiv. Verbonne mat engem Ausfluch, gëtt 1908 ee Concert an der grousser Hal zu Bad Mondorf gespillt.
Hëllefsbereet gouf awer och ëmmer grouss geschriwwen. An engem Schreiwes vun 1910 seet d'Ligue Luxembourgeoise contre la Tuberculose Merci fir den Don vun 40Frang.
1911 gëtt nach eemol iwwert de Veräinssëtz a Proufsall ofgestëmmt, de Comité an d'Musekanten ginn erëm zeréck an de Café Piermantier.
1912 ginn d'Memberen vun der Fanfare Lëntgen opgeruff, fir um Begriefnis vum Groussherzog Wëllem, Regent vun 1905 bis 1912, deel ze huelen.
Lues an lues schläicht sech eng aner Zäit erun. Den éischte Weltkrich steet virun der Dier. D'Zuel vun den Eierememberen hëlt of, et kommen och keng nei Musikanten bäi, d'Aktivitéiten gi reduzéiert. De Keessier muss op de Subsid an Dotten waarde fir d'Onkäschten ze bezuelen. et gëtt kee Protokollbuch méi gefouert.
Nom Grousse Krich geet et da besser. Schüler mellen sech an den Solfège - 1918 kascht dat 1Frang op de Kapp. D'Invitatiounen heefen sech, fir an anere Gemengen ee Concert ze spillen oder fir aktiv un engem Fest deel ze huelen.
Steieren an Taxe bleiwen net aus. Fir d'Opféierung vun engem Theaterstéck musse 5 Frang un d'Gesellschaft "Droit d'Auteur" bezuelt ginn.
Den 10. Juni 1923 ass Stëftungsfest vun der Lëntgener Musek! Zënter 25 Joer stinn d'Memberen am Déngscht vun hirer Kultur, an dat gëtt gefeiert. Um Virowend ass Concert mat Fakelzuch, den Dag selwer Jubiläumsmass an Ëmzuch. Duerno ass musikalesch Ennerhalung op verschiddene Plazen am Duerf. Et gëtt Eierewäin fir d'Presidenten, Fräibéier fir d'Memberen an Erënnerungsmedaillë fir d'Veräiner. Den Dag schléisst of mat bengalescher Beliichtung a Volleksbal. Fir de Präis vun engem Frang ass dann och déi interessant Broschür ze kafen. De Enregistrement Miersch kritt 109 Frang Emsatzsteier.
1898-1923
Mir benotzen Cookies an ähnlech Tools déi noutwenneg sinn fir Videoen ofzespillen oder Fotoen unzeweisen.
Des weideren leeden verschidden Fonktiounen Iech op eis Facebook- oder Instagram-säit weider.
Well dir den vollen Empfang vun der Säit notzen ass är Zoustëmmung erfuerderlech.
OK
Verweigern