Facebook
Instagram @fanfare_lentgen

Lëntgener Musek

D’Museksschoul vun der Gemeng

Lëntgener Museksschoul

D’Lëntgener Museksschoul befënnt sech op der Route Principale zu Lëntgen. D’Gebai gouf 2006 renovéiert a huet ursprénglech zu Protection Civile gehéiert. Hannert dem Gebai befannen sech d’Gemengenatelieren. 2 Stäck si fir d’Musek reservéiert. Um 1. Stack befënnt sech d’Musekschoul an um 2. den Musekssall vun der Lëntgener Musek.

Säll

D’Museksschoul besteet aus 3 Säll. E grousse Sall fir Gruppecoursen wéi den Eveil musical an den Solfège an 2 méi kleng Säll fir d’Individualcoursen, spriech d’Instrumentalcoursen.

Den Perkussiounscours ass am Sall vun der Musek um 2. Stack, well hei déi néideg Instrumenter stinn.

Natierlech sinn och sanitär Anlagen op der Plaz. 

All Stack ass bequem per Lift ze erreechen.

Kontakt fir 

d’Lëntgener Museksschoul

Coursen

D’Lëntgener Museksschoul schafft mat den Nopeschgemengen aus dem Uelzechtdall zesummen. Doduerch kennen eng Panoplie u Coursen ugebuede ginn. Net all Cours ass zwangsleefeg zu Lëntgen mee je no Disponibilitéiten an Nofro kann et sinn dat mol e Cours an enger anerer Gemeng vum Uelzechtdall ass.

Nieft Eveil musical a Solfège kann een ganz vill Instrumenter leieren, dorënner sinn: Trompett, Posaun, Flütt, Klarinett, Saxophon, Perkussioun, Piano, asw.

D’Umeldungen fir Coursen sinn ëmmer zwëschent Mee a Juni. Gären kënn dir och op eis Porte Ouverte am Mee kommen wou dir Instrumenter kënnt ausprobéieren an all är Froe stellen.

Adress


Location Dot    31, route Principale

        L-7450 Lintgen

Responsable locale


Mme. Michelle Van Dijk

Tel: Plus352 621 631 721

Phone Flip +352 691 500 883

Map Pin 31, route Principale

L-7450 Lëntgen

Facebook
Instagram @fanfare_lentgen

Mir benotzen Cookies an ähnlech Tools déi noutwenneg sinn fir Videoen ofzespillen oder Fotoen unzeweisen. 

Des weideren leeden verschidden Fonktiounen Iech op eis Facebook- oder Instagram-Säit weider. 

Well dir den vollen Empfang vun der Säit notzen ass är Zoustëmmung erfuerderlech.

OK

Verweigern