125 Joer Lëntgener Musek
2023 ass fir eis e Grond fir ze feieren. D’Lëntgener Musek kritt am Dezember hier 125 Joer! Dofir steet d’Saison 2023/24 ënnert dem Motto 125 Joer Lëntgener Musek. Ab dem Gala-Concert am Oktober féiere mir 1 Joer laang eise ronne Gebuertsdag. Vill Aktivitéite si geplangt, déi dir elo schonn an eisem Agenda fannt. Soubal déi jeeweileg Datumer méi no réckelen, ginn hei méi detailléiert Informatioune gepoust.
Feiert mat eis mat an erlieft vill flott Momenter!
Aal-News
Hei kenn dir nokucken wei eng Aktivitéiten mir am leschten Joer haten.
Den 21. Oktober 2023 um 19.30 Auer starten mir mat eisem Gala-Concert am Festsall “A Mouschelt” an d’Feierlechkeeten fir 125 Joer Lëntgener Musek.
Mir entféieren iech an den Weltall
ënnert dem Thema Space Odyssey.
Um Menu steet e “Kale Museksteller” (Fleesch, Kéis an Zalot) oder “Kéisteller (Kéis an Zalot) an nom Concert engem Stéck Gebuertsdagskuch offréiert vun der Fanfare.
Reservéiert är Platzen an ären Menu bis den 18. Oktober um Mail lthiry@pt.lu oder per Telefon um Nummer +352 691 500 883.
Freet iech op eng flott Rees duerch den Weltall!
Gala-Concert 2023
Mir benotzen Cookies an ähnlech Tools déi noutwenneg sinn fir Videoen ofzespillen oder Fotoen unzeweisen.
Des weideren leeden verschidden Fonktiounen Iech op eis Facebook- oder Instagram-Säit weider.
Well dir den vollen Empfang vun der Säit notzen ass är Zoustëmmung erfuerderlech.
OK
Verweigern